Skip to main content

D'Relatioun tëscht der CGFP an der neier Regierung ass schonn um Buedem

Et gëtt déck Loft wéinst dem Bewäertungssystem bei der Arméi. Och déi zweet Sëtzung op der Conciliatioun blouf ouni Resultat. Ganzen Communiqué

D'CGFP kréich driwwer eraus prozedural Feeler ënnerstallt, déi aus der Loft gegraff wieren, heescht et vun der Staatsbeamtegewerkschaft.Déi viregt Regierung hätt géint de Gehälteraccord verstouss, rappelléiert d'CGFP.

Leider géing déi nei Regierung dat net agesinn, heescht et vun der Staatsbeamtegewerkschaft, déi dem neie Beamteminister Serge Wilmes e Feelstart ënnerstellt.