Syndicat Professionnel de l'Armée Luxembourgeoise
D'Demokratesch Partei an den SPAL hu sech ausgetosch
Viru kuerzem hat eng Delegatioun vum SPAL enger Entrevue bei der DP - Demokratesch Partei.
An enger konstruktiver a sympathescher Ambiance konnte mir d’Doleancë vun eise Memberen zum Ausdrock bréngen an eis iwwer verschidde wichteg Themen austauschen!
Eisen Haaptsujet ass aktuell de Statut vum Zaldot, bei deem mir och op Verständnis an oppen Ouere gestouss sinn, wat ons Fuerderung no engem moderne Statut ugeet!
Mir hunn och betount, och wann et net am Koalitiounsaccord steet, grad an deenen haitegen Zäite muss e Paradigmewiessel an d’Aa gefaasst gi fir de Geopoliteschen Erausfuerderunge vun haut a muer gerecht ze ginn.
De SPAL huet och kloer zum Ausdrock bruecht, dass just d’Hiewe vum Solde, ob de Mindestloun, eng kuerzfristeg Optioun ass, a mir eis domadder net wäerten zefridde ginn.
Weider Sujete waren d‘Reservearméi, déi domadder zesummenhängend Contrainten an awer och d‘plus-value vun esou enger Unitéit, wei och d‘Necessitéit vun engem „Commissaire à la Défense“, dee rattachéiert wier un d’Parlament, an esou all Parlamentarier eng Ulafstell kéint si fir d‘Verstoe vun der komplexer Matière, an awer och fir d‘Militär een onofhängegt Organ, wat zur struktureller Verbesserung géif bäidroen!
D'Noutwendegkeet fir en eegestännege Ministère hu mir och duergeluecht, an hoffen dass dat an engem nächste Koalitiounsaccord sech erëm fënnt.
Mir soe Merci fir dee sympatheschen Entretien!
publié le / veröffentlicht am: 26 Novembre 2025
Présentation
QUI SOMMES NOUS?
est l’organe de représentation du personnel des carrières des :
- Sous-officiers de carrière de l’Armée
- Sous-officiers de la Musique militaire
- Sous-officiers Infirmiers diplômés
- Caporaux de carrière
- Soldats volontaires
SPAL
NEWS & COMMUNIQUÉS
Entrevue matt der LSAP
Gréissten Oppositiounspartei am Gespräich
Ganz interessanten Austausch mat der gréisster Oppositiounspartei LSAP.
Eng Delegatioun vum SPAL war dëser Deeg bei direkt 4 Deputéiert vun der LSAP fir iwwer d‘Haaptsujete vun eis ze diskutéieren. Den aktuelle Statut vum Zaldot ass esou net zukunftsfäeg an et wär un der Zäit d‘Arméi prett ze maache fir d‘Zukunft. Nieft...
Entrevue matt den Piraten
Konstruktiven Dialog
Revue de Presse - AGO
Fannt all Reportagen a Relatioun matt eiser Assemblée Générale an eiser Rubrik "REVUE DE PRESSE"
Bonne Lecture
Assemblée Générale Ordinaire
17h30 an der Seeerei
Mir invitéieren eis Memberen haut den Owend em 17h30 op eis Assemblée Générale!
Fir iessen an drenken ass gesuergt!
Relations Publiques
REVUE DE PRESSE
-
Volunteer army reserve could strengthen defence, says Backes
-
Volunteer army reserve could strengthen defence, says Backes
Newsletter
Merci!
Nous avons reçu votre demande d'inscription à notre newsletter.